Sunday, July 29, 2007


Déi Leit, déi zu Contern waren, kennen d'Tempelritter mettlerweil (ennert anerem duerch déi ominéis "Trading Cards" déi mer verdeelt hun fir all Album-Virbestellung... ;)

Hei ass dann also déi ganz Equipe zesummen versammelt...bis op hieren mysteriésen Leader (deen opmierksam Lieser vun der "Revue" mettlerweil och schon gesinn hunn...)

Mee dir braucht awer keng Angscht ze hunn; trotz all denen Tempelritter wäerten eis al Kollegen Jang, Pedro & Cie och am am zweete Band net zu kuerz kommen...ganz am Géigendeel...!

Monday, July 23, 2007

Normalerweis misst elo hei e klenge "Reportage" iwwert Contern 2007 kommen; MAT Fotoen an OUNI Schreiwfehler... De Problem ass just, dass mer a) an dem ganze (positiven!!) Stress net zum Fotoen maache komm sinn, an dass b) de Lucien elo an Südfrankräich um Strand läit an dofir dann net meng viirchterlech Schreiw-Phéehlörr verbesseren kann...mee bon... Op alle Fall wollt ech jiddferengem, deen och nemmen IERGENDWÉI dese Weekend an de Festival involvéiert wor nach eng Kéier VILLMOLS MERCI soen! Vun den Organistoren an de roude Poloen, iwwert déi Leit déi sech em d'Iessen bekömmert hunn, all déi aner Auteuren (...leider huet een nie wierklech Zäit fir ausféierlech ze pooteren an sech auszetauschen) bis hin zu natierlech ALL de Besicher déi de Wee zu eis fonnt hun an sech fir eis BDen interesséiert hunn! Quasi dat ganzt Joer sötzt een doheem a sengem klengen Zömmerchen ze schaffen, isoléiert vun der Aussewelt, an dann deet et emmer gudd, vir können Leit ze treffen a mat hinnen ze schwätzen a Feedback ze kréien. Esou huet et mech dann emsou méi gefreet, dass esou vill Leit d'Hoffnung nach net opginn hunn an sech nach ömmer vir den 2. Band vum Jang de Blannen interesséieren! De Lucien an ech maachen op alle Fall eis bescht fir dass d'Waarden sech gelount wäert hun...! Als klengen "Appetizer" weise mer Iech hei dann elo mol de Cover vum 2. Band...:

Tuesday, July 17, 2007


Hei gesitt dir e puer éischt Croquisen fir Tempelritter déi am 2.Band optauche wäerten. Dës Skizze si schon d'lescht Joer entstaan, laang Zäit éier feststoung dass mer endlech den 2.Album an Ugrëff huele géifen. Beim Design vun den Uniformen hu mir eis stark un déi vun den "Originale" gehalen: Kettenhiemer, laang Schwerter an iwwert allem dann nach en Ëmhang, deEn e bëssen un d'Cape vu Superhelden erënnert...a kuerze Wierder: Tempelritter zeechnen mécht ENORME Spaass!!

Friday, July 13, 2007

Am Moment schaffe mir un der Säit 35 vum 2. Band. Mir hunn elo den Accord vun der REVUE (Merci Guy!) fir och dee Band am Hierscht erauszeginn (wahrscheinlech gëtt et Oktober, ier sech do eppes deet!), mä mir wäerten e schon zu Contern um BDs-Festival virstellen an do kann een en dann och virbestellen! Jiddereen, deen dat mécht, kritt dann och e schéine Cadeau! (Wat, verrode mer nach net, mä et dierft eppes mat Tempelritter ze dinn hunn!)Deemno: see you in Contern, den 21. an 22. am Henckeshaus!


Sunday, July 01, 2007

Wellkomm um Blog vum "Leschte Ritter"!

Mir sinn amgaang um 2. Band ze schaffen, "De Schwuer vun den Tempelritter", an halen Iech hei regelméisseg um Courant vum Fortschrett vun eiser Aarbecht.

Mir wenschen Iech vill Spaass a sinn natierlech och frou iwwert all Kommentar!

Andy Genen & Lucien Czuga