Friday, July 13, 2007

Am Moment schaffe mir un der Säit 35 vum 2. Band. Mir hunn elo den Accord vun der REVUE (Merci Guy!) fir och dee Band am Hierscht erauszeginn (wahrscheinlech gëtt et Oktober, ier sech do eppes deet!), mä mir wäerten e schon zu Contern um BDs-Festival virstellen an do kann een en dann och virbestellen! Jiddereen, deen dat mécht, kritt dann och e schéine Cadeau! (Wat, verrode mer nach net, mä et dierft eppes mat Tempelritter ze dinn hunn!)Deemno: see you in Contern, den 21. an 22. am Henckeshaus!


2 comments:

Fern said...

Ech hat schon gemengt, déi zwee op dem Sockel wären der vun der Ekip vu Contern :lol:
Op jidde Fall vill Erfolleg fir iech zwee

-ND!- said...

War am Fong och als Hommage geduecht un déi ganz Arméi vun rout-gekleeten Helferleinen déi all Joer de Festival esou angenehm maachen...

A MERCI op alle Fall fir déi gudd Wönsch!! ;)