Friday, August 31, 2007

Hei dann och d'Annonce, déi elo an der REVUE erschéngt, an dee beschte Beweis, datt et elo Eescht gëtt! Den Andy ass am Endpurt a gëtt elo nach méi Gas fir déi ugekënnegt Deadline och anzehalen! Wann Dir Iech bis elei veriiert hutt, da wësst der jo elo, wat Dir ze maachen hutt: séier op d'Post a ferm bestellen!


Friday, August 10, 2007

Bestëmmt hutt der iech scho gefrot, wéi mir zesumme schaffen? Abee,
dat ass wéi bei aner Szenaristen an Zeechner och: fir d'éischt
entwerfe mer d'Geschicht zesummen, da schreiwen ech den Text (woubäi
et och emol virkënnt, datt den Andy deen een oder anere Pefferkär
bäileet!) an dann diskutéiere mer zesummen iwwer den Opbau vun der
Säit.
Dono setzt den Andy sech mat sech selwer zesummen skizzéiert
d'Säit an ënnerbreet se dem Szenarist. Dee mecht dann den Daum no
uewen oder no ënnen (meeschtens no uewen!) an da geet et un dat
eigentlecht Zeechnen a wat dobäi erauskënnt gesitt der hei!
P.S. (Erwähne mer nach, datt, während ech dat hei schreiwen, den Andy
an der Provence sëtzt an e puer wuelverdéngte Congésdeeg hëllt (chacun
son tour!) an awer tëschent zwee Kapitelen Harry Potter weider um
Ritter schafft!Dat nennen ech conscience professionelle!

P.P.S. Solle mer him soen, datt den Harry Potter um Enn vum leschte
Band...nee, komm mer soen him et léiwer net!

P.P.P.S. Merci Lucien, verdierw mer dee Spaass elo net, et ass schliesslech dee leschte Band!!