Friday, August 10, 2007

Bestëmmt hutt der iech scho gefrot, wéi mir zesumme schaffen? Abee,
dat ass wéi bei aner Szenaristen an Zeechner och: fir d'éischt
entwerfe mer d'Geschicht zesummen, da schreiwen ech den Text (woubäi
et och emol virkënnt, datt den Andy deen een oder anere Pefferkär
bäileet!) an dann diskutéiere mer zesummen iwwer den Opbau vun der
Säit.
Dono setzt den Andy sech mat sech selwer zesummen skizzéiert
d'Säit an ënnerbreet se dem Szenarist. Dee mecht dann den Daum no
uewen oder no ënnen (meeschtens no uewen!) an da geet et un dat
eigentlecht Zeechnen a wat dobäi erauskënnt gesitt der hei!
P.S. (Erwähne mer nach, datt, während ech dat hei schreiwen, den Andy
an der Provence sëtzt an e puer wuelverdéngte Congésdeeg hëllt (chacun
son tour!) an awer tëschent zwee Kapitelen Harry Potter weider um
Ritter schafft!Dat nennen ech conscience professionelle!

P.P.S. Solle mer him soen, datt den Harry Potter um Enn vum leschte
Band...nee, komm mer soen him et léiwer net!

P.P.P.S. Merci Lucien, verdierw mer dee Spaass elo net, et ass schliesslech dee leschte Band!!

4 comments:

- Jeff said...

Super, ech si gespaannt! Mat beschte Gréiss

-ND!- said...

HEY!! Dat freet mech, dass mol endlech eng Kéier e Kommentar könnt! Ech hat mech grad an dene leschten Deeg schon gefrot, ob hei iergendeen iwwerhaapt laanscht kucke könnt an ob et iwwerhaapt nach e Wert huet, hei nach eppes ze posten...Mee wéi et schengt fannen dann wuel DACH deen een oder aneren hiere Wee heihinner!
Bon, op alle Fall mol villmols MERCI!! Hoffen, du gess net enttäuscht...! ;)

Schéine Bonjour,

-ND!-

- Jeff said...

Merci fir d'Aentwert! Ech fannen et ganz interessant fir ze gesi wei esou ee BD entsteet. A waarden drop wei dem Jang de Blannen seng Aventure weider ginn.

-ND!- said...

Kee Problem! Bei der RIESEN-Unzuel vu Commentairen déi bis elo hei komm sinn ass et nach méiglech, op all eenzelnen ze äntwerten...! ;)
Wéi gesot, Merci fir den Intéret an d'Ennerstötzung!

Schéine Bonjour a bis dann dann dann,

-ND!.