Thursday, November 22, 2007



De 17. an 18. November wore Walfer Bicherdeeg a wéi gewinnt wore mer och dëst Joer dobäi! Mer hu fläisseg ënnerschriwwen a gemoolt an um Enn vun deenen 2 Deeg haten dach tatsächlech méi wéi 80 Leit een Album vum Leschte Ritter kaaft! Mat Momenter gouf et souguer eng regelrecht Course tëscht dem Ritter an dem Superjhemp, déi sech jo een Szenarist deelen, wien am meeschte Bicher géif verkafen. Mir soen iech net, wee gewonn huet, mä et wor zimmlech knapps!


Den 1. Dezember sëtzt den Andy da ganz eleng wéi e Grousse beim Ernster an der Belle Etoile a probéiert dem Ustuerm Här ze ginn. Mir halen Iech um Courant, wéi et ausgaang ass!
...a vegiesst och net, dass der eis kënnt Commentairen hei hennerloossen; dofir braucht dir einfach nëmmen ënnen op "comments" ze klicken, a schon kënnt der lassleeen...

Monday, November 12, 2007





Wéi der hei gesidd, hate mer e Samschden, den 10. November eis éischt Signatur-Stonn vum Leschte Ritter 2 an de Messageries du Livre zu Gaasperech a wat solle mer Iech soen: Et wor en décke Succés!
Vun 2 bis 5 Auer stoungen d'Leit schéi brav an der Rei fir vum Luss e Krop a vum Andy eng flott Zeechnung an den 2. Band gemaach ze kréien.


Kee Wonner eigentlech, well den ND hat e Freideg beim Christiane Kréimer an der RTL-Sendung esougutt Reklamm gemeet, datt mer eis vun elauter Fanen net méi rette konnten (Wann dat esou weidergeet, da maache mer et wéi d'Joanne K. Rowling a leeën de "Jang"-Zyklus net op dräi, mä op 7 Bänn un an zéien eis dono op eis Insel op de Bahamas zréck!:)
Déi Leit wou d'Emissioun verpasst hunn, können se hei nach eng Kéier am Stream nolauschteren: http://streaming.newmedia.lu/radio/radio_news/invitefreides/2007/11/09/20071109_28K.wma

Ausserdem huet de Gerard Floener a senger Rubrik "BD vun der Woch" och eng ganz schéi Kritik iwwert de Band bruecht:

En decke Merci also nach eng Kéier un RTL!


Natierlech wäre mer och frou wann der eis op dëser Plaz Är Kommentairen, ob gutt oder schlecht zum 2. Band géift matdeelen!Merci fir all Meenung! An net vergiessen: den 17. an den 18. November ennerschreiwe mir zu Walfer op de Bicherdeeg an den 1. Dezember an der Librairie Ernster an der Belle Étoile! Mir hoffen, Iech do ze begéinen!
L:C + ND

Wednesday, October 24, 2007



Puh...gläich ass et esou wäit! FALLS näischt méi schief leeft an d'Dréckerei keng Problemer kritt *holzupaak*, wäert "De Schwuer vun den Tempelritter" ENDLECH ab dem 10. November an de Buttecker stoen... Pünktlech dozou wäerten mer dann och e puer Kéieren duerch d'Land zéien fir Iech äer deier bezuelten Bicher voll ze kritzelen... ;)


An dat wieren:

-Samsdes, den 10. November 2007, vu 14 bis 18 Auer bei "Messageries du Livre" zu Gaasperech;

-de Weekend vum 17. & 18. November 2007 op de "Walfer Bicherdeeg" zu...Walfer;

-Samsdes, den 1. Dezember 2007, vu 14 bis 18 Auer bei d’"Librairie Ernster" an der Belle Etoile ;



...voilà, elo hutt der keng Excuse méi!! ;)

Mir hoffen op alle Fall Iech perséinlech do treffen ze können an freeen eis schon dorop!!

E schéine Bonjour a bis dann dann dann,

-ND!-

Thursday, September 27, 2007

Et ass esou wäit...d'nächst Woch geet den Album ENDLECH an den Drock. Wann dann alles gutt geet, dann steet de "Schwuer vun den Tempelritter" ufanks November dann am Regal an de Librairien, bzw kritt Dir en dann bequem heemgeschéckt, falls der en bei der Revue virbestallt hutt.


Mir wäerten dono dann och op verschiddene Plazen d'Bicher signéieren an hoffen, Iech all perséinlech do treffen ze können. Soubal mer genee Datummen hunn, deelen mer se natierlech hei mat.



En attendant könnt der Iech hei verschidden Desktop-Hannergrönn eroflueden fir Äeren Computer e wéineg ze "ver-ritteren"...
(einfach op de Link fir déi gewönschten Opléisung önnert dem jeweilegen Bild klicken... VILL SPAASS!)




800x600:
http://i54.photobucket.com/albums/g92/scoundreldaze/back800x600.jpg

1024x768:
http://img227.imageshack.us/img227/4149/back1024x768zb4.jpg

1280x960:
http://img227.imageshack.us/img227/6239/back1280x960vs5.jpg


800x600:
http://i54.photobucket.com/albums/g92/scoundreldaze/guard800x600.jpg

1024x768:
http://img227.imageshack.us/img227/2321/guard1024x768uz0.jpg


1280x960:
http://img509.imageshack.us/img509/9572/guard1280x960xc0.jpg



800x600:
http://i54.photobucket.com/albums/g92/scoundreldaze/teaser800x600.jpg

1024x768:

http://img227.imageshack.us/img227/4564/teaser1024x768sa4.jpg

1280x960:
http://img403.imageshack.us/img403/7007/teaser1280x960hh1.jpg

800x600:

http://i54.photobucket.com/albums/g92/scoundreldaze/templars800x600.jpg

1024x768:

http://img227.imageshack.us/img227/7751/templars1024x768vb2.jpg

1280x960:

http://img403.imageshack.us/img403/678/templars1280x960vn6.jpg

Friday, August 31, 2007

Hei dann och d'Annonce, déi elo an der REVUE erschéngt, an dee beschte Beweis, datt et elo Eescht gëtt! Den Andy ass am Endpurt a gëtt elo nach méi Gas fir déi ugekënnegt Deadline och anzehalen! Wann Dir Iech bis elei veriiert hutt, da wësst der jo elo, wat Dir ze maachen hutt: séier op d'Post a ferm bestellen!


Friday, August 10, 2007

Bestëmmt hutt der iech scho gefrot, wéi mir zesumme schaffen? Abee,
dat ass wéi bei aner Szenaristen an Zeechner och: fir d'éischt
entwerfe mer d'Geschicht zesummen, da schreiwen ech den Text (woubäi
et och emol virkënnt, datt den Andy deen een oder anere Pefferkär
bäileet!) an dann diskutéiere mer zesummen iwwer den Opbau vun der
Säit.
Dono setzt den Andy sech mat sech selwer zesummen skizzéiert
d'Säit an ënnerbreet se dem Szenarist. Dee mecht dann den Daum no
uewen oder no ënnen (meeschtens no uewen!) an da geet et un dat
eigentlecht Zeechnen a wat dobäi erauskënnt gesitt der hei!
P.S. (Erwähne mer nach, datt, während ech dat hei schreiwen, den Andy
an der Provence sëtzt an e puer wuelverdéngte Congésdeeg hëllt (chacun
son tour!) an awer tëschent zwee Kapitelen Harry Potter weider um
Ritter schafft!Dat nennen ech conscience professionelle!

P.P.S. Solle mer him soen, datt den Harry Potter um Enn vum leschte
Band...nee, komm mer soen him et léiwer net!

P.P.P.S. Merci Lucien, verdierw mer dee Spaass elo net, et ass schliesslech dee leschte Band!!

Sunday, July 29, 2007


Déi Leit, déi zu Contern waren, kennen d'Tempelritter mettlerweil (ennert anerem duerch déi ominéis "Trading Cards" déi mer verdeelt hun fir all Album-Virbestellung... ;)

Hei ass dann also déi ganz Equipe zesummen versammelt...bis op hieren mysteriésen Leader (deen opmierksam Lieser vun der "Revue" mettlerweil och schon gesinn hunn...)

Mee dir braucht awer keng Angscht ze hunn; trotz all denen Tempelritter wäerten eis al Kollegen Jang, Pedro & Cie och am am zweete Band net zu kuerz kommen...ganz am Géigendeel...!