Monday, November 12, 2007





Wéi der hei gesidd, hate mer e Samschden, den 10. November eis éischt Signatur-Stonn vum Leschte Ritter 2 an de Messageries du Livre zu Gaasperech a wat solle mer Iech soen: Et wor en décke Succés!
Vun 2 bis 5 Auer stoungen d'Leit schéi brav an der Rei fir vum Luss e Krop a vum Andy eng flott Zeechnung an den 2. Band gemaach ze kréien.


Kee Wonner eigentlech, well den ND hat e Freideg beim Christiane Kréimer an der RTL-Sendung esougutt Reklamm gemeet, datt mer eis vun elauter Fanen net méi rette konnten (Wann dat esou weidergeet, da maache mer et wéi d'Joanne K. Rowling a leeën de "Jang"-Zyklus net op dräi, mä op 7 Bänn un an zéien eis dono op eis Insel op de Bahamas zréck!:)
Déi Leit wou d'Emissioun verpasst hunn, können se hei nach eng Kéier am Stream nolauschteren: http://streaming.newmedia.lu/radio/radio_news/invitefreides/2007/11/09/20071109_28K.wma

Ausserdem huet de Gerard Floener a senger Rubrik "BD vun der Woch" och eng ganz schéi Kritik iwwert de Band bruecht:

En decke Merci also nach eng Kéier un RTL!


Natierlech wäre mer och frou wann der eis op dëser Plaz Är Kommentairen, ob gutt oder schlecht zum 2. Band géift matdeelen!Merci fir all Meenung! An net vergiessen: den 17. an den 18. November ennerschreiwe mir zu Walfer op de Bicherdeeg an den 1. Dezember an der Librairie Ernster an der Belle Étoile! Mir hoffen, Iech do ze begéinen!
L:C + ND

1 comment:

Sandy Heep said...

Ech fannen den 2 band immenz gestaltet! an ech frehen mech lo schons op den 3! all di kleng detailer di d'baenner fum ND! Genen ausmaachen, sprangen engem Fan seier an d'aan. Ech weillt ech giw elo schons weesen wei et weider geet. Den Jhang den Blannen as mein Nationnalen Hero, NOM herr Genen an dem herr Czuga ;D

Ech drecken hienen all Daumen fir d'Zukunft!