Thursday, November 22, 2007



De 17. an 18. November wore Walfer Bicherdeeg a wéi gewinnt wore mer och dëst Joer dobäi! Mer hu fläisseg ënnerschriwwen a gemoolt an um Enn vun deenen 2 Deeg haten dach tatsächlech méi wéi 80 Leit een Album vum Leschte Ritter kaaft! Mat Momenter gouf et souguer eng regelrecht Course tëscht dem Ritter an dem Superjhemp, déi sech jo een Szenarist deelen, wien am meeschte Bicher géif verkafen. Mir soen iech net, wee gewonn huet, mä et wor zimmlech knapps!


Den 1. Dezember sëtzt den Andy da ganz eleng wéi e Grousse beim Ernster an der Belle Etoile a probéiert dem Ustuerm Här ze ginn. Mir halen Iech um Courant, wéi et ausgaang ass!
...a vegiesst och net, dass der eis kënnt Commentairen hei hennerloossen; dofir braucht dir einfach nëmmen ënnen op "comments" ze klicken, a schon kënnt der lassleeen...

Monday, November 12, 2007





Wéi der hei gesidd, hate mer e Samschden, den 10. November eis éischt Signatur-Stonn vum Leschte Ritter 2 an de Messageries du Livre zu Gaasperech a wat solle mer Iech soen: Et wor en décke Succés!
Vun 2 bis 5 Auer stoungen d'Leit schéi brav an der Rei fir vum Luss e Krop a vum Andy eng flott Zeechnung an den 2. Band gemaach ze kréien.


Kee Wonner eigentlech, well den ND hat e Freideg beim Christiane Kréimer an der RTL-Sendung esougutt Reklamm gemeet, datt mer eis vun elauter Fanen net méi rette konnten (Wann dat esou weidergeet, da maache mer et wéi d'Joanne K. Rowling a leeën de "Jang"-Zyklus net op dräi, mä op 7 Bänn un an zéien eis dono op eis Insel op de Bahamas zréck!:)
Déi Leit wou d'Emissioun verpasst hunn, können se hei nach eng Kéier am Stream nolauschteren: http://streaming.newmedia.lu/radio/radio_news/invitefreides/2007/11/09/20071109_28K.wma

Ausserdem huet de Gerard Floener a senger Rubrik "BD vun der Woch" och eng ganz schéi Kritik iwwert de Band bruecht:

En decke Merci also nach eng Kéier un RTL!


Natierlech wäre mer och frou wann der eis op dëser Plaz Är Kommentairen, ob gutt oder schlecht zum 2. Band géift matdeelen!Merci fir all Meenung! An net vergiessen: den 17. an den 18. November ennerschreiwe mir zu Walfer op de Bicherdeeg an den 1. Dezember an der Librairie Ernster an der Belle Étoile! Mir hoffen, Iech do ze begéinen!
L:C + ND